Martini – The brand, the drink, the confusion.

Martini - The brand, the drink, the confusion.

If you walk into a bar and order a ‘Martini’, chances are that the bartender will ask you to specify. If you find it somewhat confusing that instead of 'white or red' they may ask you whether you want the vermouth or the cocktail, you might want to continue reading.

Wann een an eng Bar geet an einfach ee Martini bestellt, kann et sinn dass ee vum Wiert gefrot gëtt fir nach méi genee ze soe wat ee gären hätt. Wann een et dann e bësse komesch fënnt am Plaz “wäiss oder rout” gefrot ze ginn ob een de Wermut oder de Cocktail wëll hunn, da wär et vläicht intressant hei méi doriwwer gewuer ze ginn, fir wat “Martini” alles steet.

Even regular Martini drinkers are not always aware of the fact that their favourite apéritif is a vermouth. Vermouth is a fortified and spiced wine. First, the wine (mostly white) is being fortified, which means that neutral alcohol is added to stop the fermentation process before all the sugars have been converted into alcohol. This means that the wine still contains enough sugars to be somewhat sweet. Botanicals are added and is left to mature for a specific period of time before being bottled. To be called vermouth, one of the ingredients has to be wormswood, Artemisia absinthium, or Wermut in German, hence the name. (Although any other artemisia is allowed as well, according to EU law.) The producer may also add specific ingredients that dye the wine red, which is how a lot of the red vermouths are made. The final beverage contains between 14,5 and 21,9% ABV. It can dry or sweet, which can also be an indication of the country of origin. In Spain they tend to be sweeter, in Italy rather bitter and in France they tend to be quite dry.

Souguer Leit déi reegelméisseg Martini drénken, si sech net ëmmer bewosst, dass et sech bei hirem léifsten Apéro ëm ee Wermut handelt. Ënnert Wermut versteet een ee verstäerkten a gewierzte Wäin. Als éischt gëtt mat engem staarken neutralen Alkohol dofir gesuergt, dass de Wäin ophält mat Gären. Doduerch gëtt een Deel vum Zocker net mat fermentéiert an de Wäin bleift relativ séiss. Da gëtt eng Mëschung aus Gewierzer a Kraider bäi gemëscht an de Wäin gëtt lagere gelooss bis en da schlussendlech a Fläsche gefëllt gëtt. Fir dass e sech Wermut nennen dierf, muss ee vun de Kraider - wéi den Numm et scho seet - Wermut, also Artemisia absinthium sinn. (Laut EU-Bestëmmungen kann een awer och eng aner Planz aus der Famill vun den Artemisia heifir huelen.) De Produzent kann och Substanze bäiginn, déi dee - meeschtens wäisse - Wäin rout fierwen, sou wéi dat dacks beim roude Wermut de Fall ass. Dat fäerdegt Gedrénks huet tëschent 14,5 an 21,9% Alkohol. Et ka vu séiss bis drësche variéieren, wat dacks dorop hier schléisst, vu wou de Wermut kënnt: a Spuenien hu se e léiwer e wéineg méi séiss, an Italien ass en ëfters méi batter an a Frankräich meeschtens méi drëschen.

In our regions the brand Martini has gained such a status that it can be hard for bars to sell any alternative brands. Some customers perceive anything else as the bar owner’s intention to sell inferior copycats, even though Martini was not the inventor of vermouth. The very first commercialised vermouth was created by Antonio Benedetto Carpano in Torino in 1786. The same vermouth is still available today: Antica Formula by Carpano (the same brand that makes another iconic vermouth called Punt e Mes). And there are plenty more with quite a reputation: the Italian Cinzano, the French Dolin and Noilly Prat, the Spanish Yzaguirre and Miró

D’Mark Martini (virdrun Martini & Rossi) vun Turin ass an eise Géigende sou bekannt, dass et fir eng Bar duerchaus ka schwiereg sinn eng Alternativ dozou unzebidden. Verschidde Leit gesinn et als Versuch un, dem Client ee mannerwäertege Produit am Plaz vum “Original” ënnerzejubelen, woubäi Martini de Wermut mol guer net erfonnt huet. Et war den Italiener Antonio Benedetto Carpano dee 1786 zu Turin déi éischte Kéier ee Wermut kommerzialiséiert huet. Dëse Wermut ass haut souguer nach an där Form ze kréien: den Antica Formula vu Carpano (déi selwecht Mark déi hannert engem anere Kult-Wermut, dem Punt e Mes stécht). An et ginn nach eng etlech aner Wermute mat duerchaus guddem Ruff: den italieneschen Cinzano, de franséische Dolin an den Noilly Prat, de spueneschen Yzaguirre an de Miró...

Bodegas Nodus - Descaro rojo

Thanks to an international tendency towards craft products over the last years, which has oftentimes been the key driving force behind experimentation with alternative ingredients or production processes, the drinks industry is benefiting from new exciting variations on the classical vermouth. At Craft Corner we currently serve a sweet red vermouth from Spain: Descaro by Bodegas Nodus. This producer uses the local red grape variety Bobal and matures the wine with spices that you would otherwise find in a mulled wine: cardamom, clove and orange zest. Served on ice and with fresh orange peel, it is a rather light (15% ABV) and refreshing aperitif on its own but works perfectly in a Sweet Manhattan as well. If you want to try one of our vermouths, you might want to come in on a Monday when we offer a discount of 20% on all our vermouth collection.

Dank enger internationaler Tendenz iwwert déi lescht Joren déi a Richtung Craft-Produite geet, an déi dacks dozou ureegt mat alternative Methoden an Zutaten ze experimentéieren, kënnt et och an der Gedrénksindustrie ëmmer nees erëm zu neien an opreegende Créatiounen. Am Craft Corner hu mir zum Beispill ee séisse roude Wermut aus Spuenien: den Descaro vun de Bodegas Nodus. Dëse Produzent hëlt déi lokal Drauf Bobal a benotzt Gewierzer wéi ee se soss typescherweis aus dem Glühwäin kennt: Kardamom, Neelcheskapp an Orangeschuel. Op Äis zerwéiert, mat engem frësch geschniddene Stéck Orangëschuel ass et ee liichten (15% ABV) an erfrëschenden Apéro, mécht sech awer och perfekt an engem Sweet Manhattan. Wanns du Loscht hues ee vun eise Wermute bei eis am Craft Corner ze probéieren, da recommandéiere mir eng kéier op engem Méindeg laanscht ze kommen. Da ginn et nämlech -20% op eis Wermut-Kollektioun.

The other ‘Martini’, as mentioned before, is one of the most iconic cocktails ever. James Bond prefers his version shaken, not stirred and made the Vesper Martini popular in Casino Royale. The original name was probably ‘Martinez’ according to an earlier cocktail from around 1884 which mixes gin, red vermouth and dashes of curaçao and Angostura bitter. The brand Martini renamed it during one of their newspaper campaigns and the name now stands for a whole category of cocktails which come in countless variations with all sorts of flavours. The basic forms, the ‘dry’ or the ‘sweet martini’ (according to the type of vermouth and gin used) has evolved quite a lot over time.

Deen anere Martini vun deem virdru riets war, ass ee vun deene bescht bekanntste Cocktails iwwerhaapt. Den James Bond besteet drop dass een e rëselt an net réiert an huet säi Vesper Martini am Casino Royale weltbekannt gemaach. Den ursprénglechen Numm vum Martini war wahrscheinlech Martinez, laut engem Virgängercocktail vu virun 1884 deen aus Gin, roudem Wermut a engem Sprëtzer Curaçao an Angostura bitters gemixt gouf. D’Mark Martini huet dee Cocktail dunn an enger vun hiren Zeitungs-Campagnen no sech selwer ëmbenannt, sou dass mëttlerweil eng ganz Rëtsch vu Cocktails mat verschiddenste Goûten an alle Variatiounen hiren Numm dréit. Déi klassesch Form, den Dry oder Sweet Martini (je no deem mat wéinegem Wermut e gemixt gëtt) huet sech iwwert d’Jore staark verännert.

When cocktail mixing was still in its early days, around the end of the 19th century, aromatic ingredients such as vermouth played a much more prominent role in the drink formulas. Hard alcohols like burbon or gin were initially used in 1:1 proportions with lighter ingredients such as vermouth. Partly due to the limited availability of European alcoholic products during Prohibition but also to changes in tastes, most recipes evolved and now called for drier mixes. This could go quite far. Winston Churchill for example is said to have preferred his martini in a rather extreme form: ice cold gin and a glance from across the room to the closed vermouth bottle, or else a nod towards France (where the vermouths for the UK mostly came from).

An den Ufäng vum Cocktailmixen, ëm d’Enn vum 19. Joerhonnert, hunn aromatesch Zutate wéi Wermut nach méi eng wichteg Roll an de Rezepter gespillt. Déi sinn ursprénglech quasi 1:1 mat staarken Alkohole wéi Gin oder Burbon vermixt ginn. Dëst huet sech iwwert Zäit geännert, deels duerch d’Problemer fir während der amerikanescher Prohibitioun un europäesch Alkoholen ze kommen, deels och duerch d’Goûte vun de Leit déi sech verännert hunn. D’Cocktails sinn ëmmer manner séiss an ëmmer méi herb a sec ginn. Dat ass deels relativ wäit gaang. De Winston Churchill soll z.B. eng extrem Virstellung vu sengem perfekte Martini gehat hunn: äiskalen Gin an ee Bléck op déi zoue Fläsch Wermut am aneren Eck vum Raum, oder just eng kéier mam Kapp a Richtung Frankräich gewonk (vu wou Groussbritannie gréisstendeels den Gin hier krut).

Nowadays this seems a bit rough and so vermouth is back in the mix. Not only in Martinis, but also in a variety of other classic cocktails such as the Americano (with Campari), the Manhattan (with burbon) or the Negroni (Campari and gin). At Craft Corner we suggest you try our Sweet Manhattan featuring Maker’s Mark burbon and, of course, the Descaro vermouth from the Valencia region. Martinis will be coming soon. We will dedicate a whole week to them later this year, including, of course, the Vesper Martini.

Hautdesdaags schéngen déi Rezepturen e bëssen ze haart, sou dass de Wermut erëm méi Gebrauch fënnt. Net nëmme fir an de Martini, mee och fir eng ganz Rëtsch aner klassesch Cocktails sou wéi den Americano (mat Campari), de Manhattan (mat Burbon) oder nach den Negroni (mat Campari an Gin). Am Craft Corner proposéiere mir ee Sweet Manhattan dee mam Maker’s Mark-Burbon an natierlech dem Descaro-Wermut deen aus der Géigend vu Valencia kënnt gemaach ass. Martinie wäerte mer och nach op eis Kaart ophuelen, mir wäerten hinnen e bësse méi spéit dëst Joer nach souguer eng ganz Woch widmen, woubäi et dann natierlech och de Vesper Martini ze schmaache gëtt.

Skål